UnicefDone fir d'Kanner a Syrien fir Wanterkleeder an Educatioun

RTL Lëtzebuerg
Fiicht, kal an an de Bierger läit zum Deel Schnéi. Sou gesäit de Wanter a Syrien aus.
Done fir d'Kanner a Syrien fir Wanterkleeder an Educatioun
Fiicht, kal an an de Bierger läit zum Deel Schnéi. Sou gesäit de Wanter a Syrien aus.

Fir Kanner, déi et am Rescht vum Joer schonn net einfach hunn, sinn d’Wanterméint eng weider haart Erausfuerderung. Dat gëllt souwuel an de Flüchtlingscampen ewéi och an de Wunnengen. D’Unicef ass zanter 10 Joer a Syrien aktiv. Millioune vu Kanner si vun der dramatescher Situatioun betraff. Bei d’Wieder an de Konflikt kënnt d’Pandemie derbäi. All Dag wär en Iwwerliewenskampf fir d’Familljen. Riets geet vu 5 Millioune Kanner, vun all Alter, déi an erbäermleche Verhältnisser liewen.

Waarm Kleeder gi gebraucht. Jacketten, Mutzen, Schalen, Schong. Et géif elo kee Sënn maachen, Wanterkleeder bei Unicef Lëtzebuerg ofzeginn. En Don maache wär méi sënnvoll.

Nieft Kleeder, déi dem Wieder ugepasst sinn, ass d’Educatioun en anert, wichtegt Puzzelstéck fir d’Kanner. Reegelméisseg an d’Schoul ze goen, gëtt hinnen een Halt am Liewen.

Op unicef.lu fënnt een all Informatioune wei een de syresche Kanner hëllefe kann.

Back to Top
CIM LOGO