Brand vum 5. Abrëll 1985D'Ongléck zu Paräis huet staark un e Virfall zu Lëtzebuerg erënnert

Pierre Weimerskirch
RTL huet mat engem Pompjee geschwat, deen 1985 beim Brand vun der Stater Kathedral dobäi war. Eppes dat extrem dem Virfall vu Paräis geglach huet.
Brand vum 5. Abrëll 1985
RTL huet sech mat engem Pompjee ënnerhalen, deen 1985 beim Brand vun der Stater Kathedral dobäi war. Eppes dat extrem dem Virfall vu Paräis geglach huet.

Viru bal 35 Joer huet och an der Stad Lëtzebuerg d'Kathedral gebrannt. Duerch Schweessaarbechten um Tuerm ass deemools d’Feier ausgebrach. D'Spëtzt vum Tuerm vu 65 Meter ass a sech zesummegebrach. Den Erny Kirsch war deemools als jonke Pompjee mat dobäi.

Vum Brand vu Paräis sinn éischt Biller e Méindeg an de soziale Medien ze gesi gewiescht. Am Joer 1985 war et een däitschen Tourist deen éischt Biller kuerz no 14 Auer vum Knuedler aus opgeholl huet. Deemools hat et nëmmen e puer Minutte gedauert bis d’ Feier sech ausgebreet hat, d'Stater Beruffspompjeeë ware séier op der Plaz. Géint hallwer 3 ass den Tuerm a sech zesumme gefall.

Den Erny Kirsch erënnert sech nach un dëse Brand, hier war deemools 5 Méint bei de Beruffspompjeeën.

Déi brennend Kathedral zu Paräis huet vill Leit u 1985 erënnert.

Back to Top
CIM LOGO