Den Héichschoulministère muss den Audit vun der Uni hirer Gouvernance nei ausschreiwen. Dat huet d'DP-Ministesch Stéphanie Obertin en Dënschdeg de Mëtten an der Chamber annoncéiert. De Perimeter, de Budget an d'Zäitschinn hu kengem vun den 12 ugeschriwwene Prestatairen erlaabt, eng Offer ofzeginn, esou d'Stépahnie Obertin:
"An dofir hu mir an deene leschte Wochen nach emol intensiv um Cahier des charges geschafft. Den Audit soll elo d'Period vun 2022-2025, also véier Joer, ofdecken. Bei Bedarf och kënnen op Elementer bis 2018 zréckgräifen. De maximale Budget géif elo op 212.000 Euro HTVA eropgoen an den Audit soll vu Juli 2026 bis Februar 2027 realiséiert ginn. Wat dem Prestataire soll erlaben, sech déi néideg Ressourcë fir dës Missioun ze ginn."
Ursprénglech war de Budget hallef esou grouss, den Audit sollt bannent zéng Wochen, nach virum Summer, fäerdeg sinn a sollt siwe Joer op de Leescht huelen. Domat sinn déi Oppositiounsdeputéiert an hire Kriticke confirméiert, déi gesot haten, den Audit kéint an där proposéierter Form net seriö duerchgefouert ginn.
Ma nach ier den Audit iwwerhaapt erduerch ass, gouf de Reglement d’ordre intérieur vun der Uni adaptéiert, fir kloerzestellen, wéi d'Walen am Conseil universitaire oflafen, wéi Paperjam gemellt hat. Déi Kloerstellung kënnt, nodeems de Conseil universitaire virun e puer Wochen huet mussen en neie Vertrieder am Verwaltungsrot vun der Uni wielen. De Ludger Wirtz hat demissionéiert – hie sollt am Verwaltungsrot am Comité de suivi vun der Uni hirem eegenen Audit sëtzen, ma hat an enger Mail un d'Luxemburger Wort dem Editiounshaus seng Couverture vun der Uni kritiséiert.
Virun deene Walen hat de Regierungskommissär bei der Uni Léon Diederich kloer gestallt, datt just d'Membres votants dierfte wärend de Walen am Sall sinn. Also kee Recteur a keng Doyenen, déi Observateure sinn. RTL hat gemellt, datt d'Doyenne vun der Fakultéit fir Droit, Ekonomie a Finanze (FDEF) Katalin Ligeti versicht hat, déi initial Wale fir d'Vertrieder vum Conseil universitaire am Verwaltungsrot duerch Gespréicher mat de Studentevertrieder ze beaflossen. Si hat géintiwwer RTL ofgestridden, d'Wale beaflosst ze hunn.
En Dënschdeg huet si vun hirem Posten als Doyenne demissionéiert. An enger Mail un d'Fakultéit huet si erkläert, datt se d'Decisioun no räiflecher Iwwerleeung geholl hätt. Wouwéinst si geet, erkläert d'Katalin Ligeti, déi zanter 2017 Doyenne war, allerdéngs net. Si verweist haaptsächlech op hir Succèsen.