An der Stad, zu Mäertert an zu Chrëschtnech D'Police mellt eng Partie Abréch an Déifställ

RTL Lëtzebuerg
Ënnert anerem ass eng Fra zu Chrëschtnech an en Haus agebrach.
© RTL Archiv

E Méindeg am spéiden Nomëtteg gouf der Police en Déifstall an engem Supermarché an der Stad gemellt, bei deem éischten Informatiounen no e Mann e puer Produite klaue wollt. De Verdächtege konnt no enger Sich vun der enger Patrull vun der Police gestallt ginn. Déi geklauten Objete goufe séchergestallt a saiséiert.

E Méindeg de Moien koum et zu engem weideren Déifstall, dat op enger Tankstell an der Route de Wasserbillig zu Mäertert. Hei soll sech e Mann Zougang an e Lagerraum verschaaft hunn, fir hei ze klauen. Wéi dësen d'Tankstell nees verloosse wollt, gouf dëse vun enger Mataarbechterin vun der Tankstell ertappt, wourop hien handgräiflech ginn ass. Enger drëtter Persoun ass et du gelongen, béid Persoune vuneneen ze trennen. De Verdächtege gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter. D'Affer koum fir eng Kontroll an d'Spidol.

E Méindeg den Owend gouf der Police dann nach en Abroch an en Haus zu Chrëschtnech gemellt, dat an der Marcel Greischerstrooss. Hei gouf eng Fënster ageschloen. Wéi Beamten op d'Plaz koumen an d'Haus iwwerpréift gouf, huet all Spuer vum Täter gefeelt. Am Kader vun enger Enquête konnt déi verdächteg Fra allerdéngs kuerz drop ermëttelt a lokaliséiert ginn. Bei der Persoun konnten dunn och geklauten Objete fonnt ginn. Op Uerder vum Parquet gouf d'Fra festgeholl a koum en Dënschdeg de Moie virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO