Aktioun vu GreenpeaceD'Ozeaner leiden och ënnert der Äerderwiermung

RTL Lëtzebuerg
Mat Informatiounsstänn an engem groussen Oktopus huet Greenpeace op d'Wichtegkeet vun eisen Ozeaner opmierksam gemaach.

Membere vu Greenpeace, Stänn an e risegen Oktopus an der Stad: D'ONG huet op der Clairefontainesplaz an der Stad op d'Situatioun vun de Ozeaner mam Bléck op d'Äerderwiermung opmierksam gemaach.

Op sëllege Stänn goufe Grouss a Kleng sensibiliséiert, firwat de Schutz vun de Mierer och dem Klima hëlleft a Liewe schützt. Donieft war et den Opruff un d'Regierung, sech weider an dësem Beräich ze engagéieren.

Back to Top
CIM LOGO