Impakt op déi mental GesondheetD'Pandemie an de Lockdown hu bei ville Leit psychesch Spueren hannerlooss

Petz Bartz
E Samschdeg war de Weltdag vun der mentaler Gesondheet an den Ofschloss hei am Land vun enger ganzer Woch Sensibiliséierung ronderëm d'Thema.
Impakt op déi mental Gesondheet
E Samschdeg war de Weltdag vun der mentaler Gesondheet an den Ofschloss hei am Land vun enger ganzer Woch Sensibiliséierung ronderëm d'Thema

Duerch d'Pandemie an de Lockdown war d'Ligue d'Hygiène mentale dëst Joer besonnesch sollicitéiert. Al Mënschen, grad esou wéi Jonker a souguer Kanner hätten ënner der Corona-Kris gelidden. Net ze schwätze vun deene Leit, déi an existenziell Nout geroden.

An och weltwäit huet d’Pandemie en Impakt op déi psychesch Gesondheet vun de Populatiounen, ëmsou méi nach a Kriseregiounen, wéi zum Beispill dem Libanon.

Beirut ass Stress. Austeritéitspolitik, Korruptioun, Rezessioun, Protester, Chômage, Wärungsverfall, annerhallef Millioune Flüchtlingen, gigantesch Explosiounen an dann d’Pandemie.

D'Christelle Madani, Psychologin beim ICRC dozou: "Déi libanesesch Populatioun war scho wirtschaftlech a psychologesch um Enn, an du koum och nach d’Pandemie. Déi enorm Explosioun huet bis an de Kär och dat lescht Gefill vu Sécherheet zerstéiert, wéi s’op emol an hirem Doheem getraff goufen."

Zu Beirut huet d’Zuel vun de Suiciden dramatesch zougeholl. Huet d’Pandemie dat och zu Lëtzebuerg bewierkt? Ma och zu Lëtzebuerg goufe Mënsche bis un d’Spëtzt vun hirer Belaaschtbarkeet gedriwwen, och bis an déi finanziell Prekaritéit, mä et ass a Krichsregiounen, wou d’Kris e méi dramateschen Dréi kritt.

De Robert Mardini, Generaldirekter beim ICRC: "Méi wéi een op 5 an enger Konfliktzon huet mental Problemer. Dat ass 3 Mol méi wéi an der genereller Populatioun weltwäit."

Duerch de kombinéierten Effet vu Lockdown-Restriktiounen, dem Manktem vu sozialem Austausch, der finanzieller Onsécherheet an der Gefor duerch Konflikter si vill Mënsche weltwäit den Ament an enger psychologescher Noutsituatioun.

Back to Top
CIM LOGO