
Mat der Déifferdenger LSAP läit en Dënschdeg eng weider Lëscht fir d’Gemengewale vir. Rieds geet do vun enger gréng-schwaarzer Gemengepolitik, déi agerascht wier an et gëtt méi Respekt fir Déifferdeng gefuerdert.
Déi 19 rout Kandidate gi vun engem Quartett ugefouert, wou mam Guy Altmeisch just ee vun de 4 aktuelle Conseilleren dran ass. Aner Spëtzekandidate sinn d’Catia Pereira, d’Zenia Charlé an den Thierry Wagner.
D’Conseillere Fred Bertinelli, den Éischtgewielten Erny Muller a Pierre Hobscheit sinn awer och op der LSAP-Lëscht vertrueden.
D’Altersmoyenne läit bei 45 Joer, dat bei 12 Männer a 7 Fraen. D’Déifferdenger LSAP-Sektioun leescht sech nieft den 19 Kandidate souguer zwee männlech Reserv-Leit.
2018 haten d’Déifferdenger Sozialiste knapp 19% vun de Stëmme krut a waren domat knapp hannert d’CSV gerëtscht, déi mat deene Gréngen eng Koalitioun forméiert hunn.
Reserv-Kandidaten: