Retard vu 5 StonnenD'Passagéier vum Luxair-Vol vu Mailand um Sonndeg hu sech misse gedëllegen

RTL Lëtzebuerg
Dat well d'Fligerdier futtigemaach gouf, wéi d'Leeder ewechgeholl gouf, konnt de Fliger net wéi geplangt "on time" starten.

Eng 25 Passagéier hu missten aus der Maschinn erausklammen, well d’Maximalzuel vu Leit pro Nout-Sortie muss respektéiert ginn.

Bis datt de Problem behuewe war, huet et gedauert. De Vol ass mat engem Retard vun 5 Stonnen du gestart, dëst huet Luxair RTL géintiwwer confirméiert.

De Fluch vum Findel op Mailand dauert an der Reegel eng gutt Stonn.

Back to Top
CIM LOGO