D’Paulette Lenert sot sech frou driwwer, dass de Formateur a warscheinlech nächste Premier vun enger CSV-DP-Regierung d’Lutte géint Aarmut als grouss Prioritéit genannt huet, och wann dat bei deenen zwou Parteien als Sujet net grad ganz uewe stoung. Op d’Kritik ugeschwat, dass um Beispill vun CSV an och LSAP wärend der Walcampagne Steiererliichterungen ugekënnegt goufen, Annoncen déi nom méi detailléierte Bléck an d’Staatskeess net méi grad d’Strooss halen sot d’Paulette Lenert, dass ee sech schonn an engem Spektrum géif beweegen, deen am Beräich vun de Méiglechkeete war. Et ware positiv Zenarien a méi düsteren, déi ausgerechent gi sinn, do wier näischt virenthale ginn.
“Mir haten ëmmer eng gewësse Skepsis, wéi ee soll Versprieche fir jiddereen am Land méi Netto vum Brutto, ouni Géigefinanzéierung, wéi dat soll funktionéieren.”
An Zäiten déi gutt sinn, wier et einfach jiddereen ze bedéngen, an Zäiten déi awer méi schlecht sinn, misst ee méi op Solidaritéit setzen.
Wat déi lescht Wochen an Deeg an der blo-rout-grénger Equipe betrëfft, déi nach d’dagdeeglech d’Gestioun assuréiert, do wier d’Stëmmung scho méi gedréckt wéi soss.
“Mir hunn op alle Fall net domat gerechent, dass ee vun eise Partner esou staark géif verléieren u Sëtzer. Dat dréckt natierlech d’Stëmmung an ech brauch Iech net ze verheemlechen, dass et fir eis och no der Freed vum Walresultat, mir si gestäerkt erausgaangen... ech hat perséinlech och e ganz gutt Resultat..., realiséiert een, dass een net méi Regierungspartei ass. Dat muss ee verschaffen, mä gutt, domadder gi mir awer eens. Mir verstinn eis awer nach ganz gutt alleguerten.”
D’LSAP wëll op alle Fall an der Oppositioun eng staark Roll spillen, esou d’Paulette Lenert. Wat personell Decisioune betrëfft, wéi zum Beispill d’Fro wien an Zukunft d’LSAP-Fraktioun leede soll, wier et ee Choix, deen deemnächst an der Partei geholl gëtt.
D’Paulette Lenert wëll op alle Fall d’Mandat um Krautmaart unhuelen.