Méi Engagement fir eng zukunftsgerecht Landwirtschaft. Dëst fuerderen d'Vertrieder vun der Plattform 'Meng Landwirtschaft', déi e Freideg e Protest-Piquet beim Landwirtschaftsministère organiséiert haten.
D'Ziler fir de Klimaschutz an d'Erhale vun der Biodiversitéit wieren net erfëllt ginn, sou déi zwou Dosen ASBLen an ONGen, déi sech an dëser Plattform zesumme gedoen hunn.
Den nationale Strategieplang fir d'Landwirtschaft muss der EU-Kommissioun Enn des Joers virleien. Den Agrarminister Romain Schneider gouf opgefuerdert, virsiichteg ze sinn, eng gutt Politik ze maachen, an d'Betriber net ze blockéieren.
De Raymond Aendekerk vu Greenpeace: "Eis Fuerderunge si jo, dass d'Landwirtschaft soll nohalteg ginn, datt se och méi ökologesch gëtt an och méi klimagerecht. Dat heescht, datt dono d'Bauere jo mussen e Programm kréien, no deem si da subventionéiert ginn an déi Programmer mussen esou gestalt ginn, datt se och eng Auswierkung hunn. Dat heescht, wa mir eng Flächeprimm gi pro Hektar, an engem Betrib, da muss dat en Effekt hunn. Dass méi Biodiversitéit dobäi erauskënnt, datt méi Waasserschutz dobäi erauskënnt. All dat ass och vun der EU-Kommissioun virgesinn. Mir gesinn awer an deene leschte Joren, dass wann d'Programmer net gutt genuch geplangt gi mat de Baueren, mat den Organisatiounen, da kréie se keng Akzeptanz."
Et wier elo un der Zäit, eis Landwirtschaft méi nohalteg ze gestalten. Dëst ass nach ëmmer net geschitt. De Raymond Aendekerk vu Greenpeace: "Dat wäert net esou kënne weidergoe mat enger intensiver Mëllechproduktioun, mat chemeschen Dünger, mat Pestiziden, mir mussen dovun ewechkommen."
De Landwirtschaftsminister Romain Schneider war net beim Protest-Piquet present. De Mathieu Wittmann vun Natur&Ëmwelt erkläert, dass ee sech zanter Méint am Stach gelooss fillt: "Mir hunn eis virun e puer Méint gemellt, mir krute keng Entrevue, loin de la. Mir sinn och bis elo nach iwwerhaapt net an den nationale Strategieplang agebonne ginn."
Dësen nationale Plang fir d'Landwirtschaft muss Enn des Joers op Bréissel geschéckt ginn. D'Kritiker wënsche sech, dem Ministère hir Fuerderungen a Propose fir eng méi ökologesch a Klima gerecht Landwirtschaft ze presentéieren.
De Raymond Aendekerk: "Et geet einfach net méi esou weider. Mir hunn elo gesinn, d'lescht Woch déi Iwwerschwemmungen, mir hunn ëmmer méi heefeg Klimaextremer. Mir mussen eis mat der Landwirtschaft upassen a mir musse gläichzäiteg och reagéieren. An dass jo och virgesinn am Klimaplang, dass d'Landwirtschaft CO2 a Methangas reduzéiert. Da soll een och do aktiv ginn."
100 Milliounen Euro Hëllef ass fir eis Landwirtschaft virgesinn. Eng Investitioun, déi sech loune soll.
"An dat ass eis Fuerderung, datt do net blockéiert gëtt. Datt déi Suen esou agesat ginn, datt se och de Betrib op ee Wee bréngen. Datt se ganz ökologesch ginn an datt se och d'Zukunft fir hire Betrib assuréieren, datt se en Akommes um Betrib hunn."
Mir zu Lëtzebuerg wiere par rapport zu der ganzer EU nach hannendra wat nohalteg Landwirtschaft ugeet. Et gëllt op villes opzepassen, erkläert de Mathieu Wittmann.
"Wéi zum Beispill eng Extensivéierung vun der Landwirtschaft, wéi zum Beispill Blüterand-Streifen. Mir mussen op eist Waasser oppassen, uewer- an ënnerierdesch. Mir mussen op d'Zäregas-Emissiounen oppassen. Op d'Biodiversitéit oppassen."
,Let's make Luxembourg more organic again', wier den einfachste Slogan op deen ee misst kommen. Et hofft een, dass de Message endlech beim Ministère ukéim.