Parkhaus NeippergD'Police dréit e Fall vu schwéierer Kierperverletzung no, Persoun verhaft

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Samschdeg gouf d'Police géint 4 Auer geruff, well an der Entrée vum Parkhaus Neipperg op der Gare e Mann louch.

De Mann war blesséiert a koum an d’Spidol.

D’Affer gouf eventuell mat enger Fläsch attackéiert. Bei den Ermëttlunge gouf en Tatverdächtegen identifizéiert. Dës Persoun konnt festgeholl ginn a koum nach de Weekend bei den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO