
De Parquet hat nees an der Nuecht op e Samschdeg op dräi Plazen, dat zu Sëll um RN12, zu Réiden un der Atert um RN22 an zu Mäerzeg um RN21 Alkoholkontrollen duerchféiere gelooss. Vun de 546 Automobilisten, déi en Otemtest hu missten duerchféieren, waren der siwen alkoholiséiert. An 3 Fäll gouf et e Protokoll an a véier eng Verwarnung, ee Permis gouf agezunn.
Eng vu de Patrulle war awer nach net fäerdeg mat alkoholiséierten Automobilisten. Well um Wee zeréck goufe si tëscht der Houschter-Déckt an dem Schinker op der N7 vun engem Auto iwwerholl, deen däitlech ze séier war. D’Beamten hunn de Won gestoppt an de Chauffer huet direkt zouginn, datt hien ze vill gedronk hat. Well de Wäert däitlech iwwerschratt war, huet och hien de Permis missten ofginn.
Bei Gréiwemaacher op der N10 war dann e Samschdeg géint 3 Auer eng Vitesskontroll. Dobäi ass en Auto opgefall, deen däitlech ze lues war. Bei der Kontroll koum eraus, datt de Chauffer ze vill gedronk huet an hien den erlaabte Wäert méi wéi dat Duebelt iwwerschratt hat. Och hei war de Fürerschäi fort.
Ouni Permis muss elo e Sportswonfuerer liewen, deen e Samschdeg de Moie géint 9 Auer am Garer Quartier an der Stad opgefall ass. Hien hat net nëmmen ze vill gedronk, mä de Permis hat de Mann scho méi laang ofgeholl kritt. Esou krut hien en eng weider Kéier provisoresch ofgeholl an hien huet de Sportsauto och misste stoe loossen.