Op Uerder vum Procureur d’EtatD'Police huet an der Nuecht op e Samschdeg eng Rei Alkoholkontrolle gemaach

RTL Lëtzebuerg
Iwwer 200 Chauffeuren hu missen een Alkoholtest maachen. 4 Persoune kruten de Fürerschäin ofgeholl.
© Police (Archivbild)

Vum 15. op de 16. Oktober huet d'Police op Uerder vum Procureur d’Etat gréisser Alkoholkontrollen zu Habscht, Stengefort an Hesper gemaach.

Zu Habscht goufen tëscht 23 Auer e Samschdeg an 00.30 Auer e Sonndeg 68 Automobiliste kontrolléiert. Ënnert anerem war a 5 Fäll den Test positiv an dräimol gouf et e Protokoll. Donieft goufen zwee Führerschäiner op der Plaz agezunn.

Zu Stengefort war d'Kontroll e Sonndeg tëscht 1.30 Auer an 3.30 Auer. Hei hu 35 Chauffere misste blosen. An 3 Fäll war den Alkoholtest positiv an ee Procès-verbal gouf geschriwwen. Hei krut keng Persoun de Permis ewechgeholl.

Zu Hesper gouf op e puer Plaze kontrolléiert, dat vun 00.45 bis 1.45 Auer a vun 2.45 Auer bis 3.45 Auer. 124 Automobilisten hunn am Ganze missen een Alkoholtest maachen. Hei haten an 10 Fäll d'Persounen hannert dem Steierrad Alkohol gedronk. Aachtmol gouf et e Protokoll respektiv een Avertissement Taxé. 2 Permise goufen agezunn.

Back to Top
CIM LOGO