
Kontrolléiert gouf am Garer Quartier. Dobäi gouf gekuckt, ob d’Aarbechtsrecht, de Code de la route an d’Immigratiounsgesetz agehale goufen.
E puer Leit hate sech dann effektiv net un d’Reegele gehalen. Eng Persoun koum an de Centre de rétention, well si sech illegal am Grand-Duché opgehalen huet. Ee Scooter gouf saiséiert, well de Chauffer keng valabel Assurance dofir hat an ee Chauffer huet säin E-Bike wéinst technesche Mängel misse stoe loossen.
Bei der Kontroll waren am Ganzen 20 Beamte vu verschiddenen Unitéite bedeelegt.
