
Um Schlammestee sinn an de fréie Moiesstonnen um Sonndeg eng 25 Persounen unenee geroden. Heibäi gouf eng Persoun mat der Fauscht am Gesiicht getraff, wouduerch d’Affer hannerzeg mam Kapp op den Asphalt gefall ass. D’Affer huet mussen an d’Spidol bruecht ginn, iwwerdeem 4 presuméiert Täter mat engem Auto Richtung Hesper geflücht sinn. Si konnte bis dato net fonnt ginn, schreift d’Police an hirem Bulletin um Sonndeg de Moien.
Zu Kënzeg an der Rue de Grass sinn op enger Party eng 20 Persounen an enger Kläpperei openee lass gaangen. Eng Persoun gouf mat enger Fläsch am Gesiicht verwonnt, iwwerdeem eng aner duerch eng Fauscht am Gesiicht verwonnt gouf. Déi Leit déi d’Kläpperei ugestëppelt hunn, waren net op déi Party invitéiert, an hu sech dann duerno och duerch d’Bascht gemaach.
An der Stad an der Rue Fort Neipperg gouf d’Police géint 1 Auer geruff, wéinst enger Kläpperei tëscht 30 Persounen. Haaptsächlech waren et 3 Persounen, déi sech zerklappt hunn. Zwee vun de Männer hunn zwar e Messer gezéckt, dëst awer net agesat. Eng drëtt Persoun huet allerdéngs eng aner mat enger Machete un der Hand verwonnt. D’Police konnt séier intervenéieren an all déi Haaptverdächteg identifizéieren. Si goufen all protokolléiert an hir Waffe goufe sécher gestallt.