Op e puer Plazen am LandD'Police mellt eng Partie Déifställ an Abréch

RTL Lëtzebuerg
An de leschten Deeg goufen op e puer Plazen uechter Land Saache geklaut respektiv agebrach.
© RTL Archiv

E Samschdegnomëtteg goufen an der Stad zwou Posche mat hirem Contenu geklaut. An der Nuecht op e Sonndeg huet en Déif iwwerdeems e Rucksak, deen op der Terrass vun engem Café louch matgeholl.

E Samschdegowend hat dann en onbekannten Täter zu Esch an engem Parkhaus d’Fënster vun engem Auto ageschloen. Hien ass awer fortgelaf, wéi d’Besëtzerin vum Gefier opgedaucht ass. Iwwerdeems krut d’Police am Laf vum Samschdegmoien zwee Déifställ aus Autoe gemellt, dat zu Boufer an an der Stad.

Informatiounen doriwwer, wéi dir Iech kënnt géint Déifställ schützen, fannt Dir hei an Tuyaue géint Déifställ aus Autoen ginn et hei.

Schliisslech krut d’Police eng Partei Abréch vum Samschdeg eragemellt. Dëst zu Dippech an zu Beggen. Et goufen Enquêten an d’Weeër geleet.

Hei kënnt Dir noliesen, wéi Dir Iech géint Abréch kënnt schützen.

Back to Top
CIM LOGO