
Am Nomëtteg huet en onbekannten Täter an der Route de Thionville zu Alzeng d'viischt Dier vun engem Wunnhaus opgebrach an huet an enger Wunneng e puer Schief duerchsicht.
Um 18.15 Auer huet en Zeien der Police gemellt, dass um Parking vum Sportkomplex an der Millebaach a säin Auto agebrach gi war. Dobäi gouf déi hënnescht Fënster vu Won futti geschloen an eng Laptop-Täsch geklaut.
Da goufen am fréien Owend e puer Géigestänn aus dem Keller vun engem Wunnhaus zu Hollerech an der Stroossbuerger Strooss matgoe gelooss. Wéi d'Dier zum Raum opgebrach gouf, ass net gewosst.