
De Virfall muss tëscht 17.10 an 18.30 Auer geschitt sinn. En onbekannten Täter huet mat engem Loftgewier op eng Kaz geschoss. D'Déier ass beim Veterinär u senge schlëmme Blessure gestuerwen.
Leit déi eppes gesinn hunn, solle sech bei der Police zu Dikrech-Veianen um 244801000 oder per E-Mail op police.diekirchvianden@police.etat.lu mellen.