Virop beim Diesel gi 70 bis 80% direkt nees iwwer den Tanktourismus zeréck an d’Ausland.
“D’Situatioun vu Lëtzebuerg ass spezifesch. Mir hu keng Raffinerien. Mir hu keng gréisser Pëtrolsindustrie. Dowéinst gëtt 100% vun de Pëtrols-Produkter op Lëtzebuerg importéiert. Dofir ass et ganz wichteg dat mer souwuel um Niveau vun den Import-Weeër wei och vun de Länner aus deene mer importéieren, diversifiéiert sinn”, sou de Georges Lanners, responsabel fir Pëtrols-Produkter am Energieministère.
50% vun alle Pëtrols-Produkter kommen den Ament aus der Belsch. Déi aner Hallschent kënnt aus Frankräich, Däitschland an Holland. Wat d’Approvisionements-Weeër ubelaangt, sou dominéiert hei de Camion mat ronn 45%. Da kommen d’Zich an d’Schëffer. Déi 24% déi iwwer Pipeline kommen, sinn de Kerosin fir de Findel.
E wichtegt Stéchwuert an dësen Zäiten sinn déi sougenannt strategesch Reserven, fir am Fall vun enger Approvisionnement-Kris iwwert d’Ronnen ze kommen. Hei spillen europäesch Obligatiounen.
De Georges Lanners: ''Dat sinn am Prinzip 90 Deeg. Lëtzebuerg huet 93 Deeg u Reserven. Dovu si 45 Deeg an der Groussregioun stockéiert. 8 Deeg hei am Land a 37 Deeg an der Regioun ronderëm Lëtzebuerg.’'
Wat d’Präis-Evolutioun iwwer déi lescht 12 Méint ubelaangt, mussen d’Chauffeuren, déi mat Diesel fueren, e gutt Stéck méi déif an d’Täsch gräifen. 48% gouf dee méi deier, géingt knapps 27% fir de Super 98 an eng 19% wat de Super95 Oktan ubelaangt.
Zanter e leschten Donneschdeg gëtt et keen Tankrabatt méi. Wat Pëtrols-Produkter generell ubelaangt, sou wäert d’Regierung och d’TVA net erof setzen.
D’Fossil-Energië wäerte bannent den nächste Joren ëmmer méi an den Abseits geroden.
Do huet d’Politik d’Weiche gestallt. Mazout-Heizunge gi vum 1. Januar d’nächst Joer un keng méi an Nei-Gebaier autoriséiert: ''Do kënne mer eriwwer goen op Wärmepompelen. Et ass och esou, dat wann d’Stroumpräisser elo méi héich sinn, ass awer eng Wärmepompel nach ëmmer finanziell méi gënschteg wéi eng Mazouts-Heizung oder eng Gas-Heizung. An dat anert, wat mer musse maachen, ass datt mer Fossil-Autoen duerch Elektro-Autoen ersetzen’’, sou den Energieminister Claude Turmes.
Iwwerdeems an neie Lotissementer Mazout a Gas elo direkt d’rout Kaart gewise kréien, geet de Minister dovun aus, datt et bei der Mobilitéit, 10 – 20 Joer dauere wäert, iert d’Fossil-Energien ersat ginn. Net just aus der Sicht vum Portmonni.
“Et muss och ofhuelen, well déi eenzegt Äntwert op d’Klimaverännerung ass, dat mer manner Mazout, manner Gas, manner Bensin, manner Diesel verbrauchen”, sou de Minister.