D'Präisser sinn am Abrëll liicht ugezunn. Dat deelt de Statec mat. D'Pëtrolspräisser hu bëssen noginn, par Conter sinn déi aner Gidder an Zerwisser liicht méi deier ginn.
Den annuellen Inflatiounstaux klëmmt vun 2% op elo 2,1%.