Och e puer NeierungenD'Prime House gëtt ëm 5 Joer verlängert

Diana Hoffmann
Wie baut oder renovéiert an dono ënner anerem klimafrëndlech Alternative fir d'Energiegewënnung notzt, dee ka Primme vum Staat ufroen.

De Gesetzestext, deen dëst och an Zukunft erméiglecht, gouf an der parlamentarescher Kommissioun presentéiert. De Projet, deen op groussen Zousproch trëfft, huet awer och e puer Neierungen ze bidden. D’Ambitiounen am Plan national d’énergie et de climat si grouss. Op 3 Prozent Aalbau-Sanéierung am Joer wëllt ee kommen, dovunner wier een awer nach wäit ewech, seet déi gréng Deputéiert Semray Ahmedova, déi Rapportrice vum Projet de loi fir déi iwwerschaffte Prime House ass. Dofir gëtt d’Offer vun de Subventiounen an deem Domaine erweidert, a se gëtt eropgesat. Zum Beispill gëtt och weiderhin all Isolatiounsmaterial subventionéiert, mee et kritt ee méi Subventiounen, wann een op ekologescht Material ëmsteigt.

Déi jonk Politikerin kennt de Service vu MyEnergy, haut Klima-Agence, deen d’Berodung mécht gutt. Si selwer huet do geschafft. Déi administrativ Vereinfachung zu där et elo kënnt, wier néideg gewiescht, fënnt och si. Bis elo wier eng Energieberodung ëmmer just fir déi ganz Wunneng méiglech gewiescht, lo gëtt dëst awer anescht. Et wäert ee kënne bei den Energieberoder goen an zum Beispill soen, datt ee just seng Fënsteren oder den Daach wëll energetesch sanéiere loossen. “Dat motivéiert da méi Leit. Méi wéi wann een ëmmer erëm muss déi ganz Panneauplie vun alle Mesurë rechne loossen, wat och méi kascht”, seet d’Semiray Ahmedova. An Zukunft kann een dann och direkt iwwert en zertifiéierten Handwierker fuere fir d’Berodung.

Dem CSV-Deputéierte Paul Galles, dee sech an der Partei ëm Energie- a Klimafroe këmmert, bleiwen awer trotzdeem nach Zweiwel, well een ëmmer nach debordéiert wier vun de villen Ufroen. En cours de route géingen esou vill Leit de Courage verléieren, well et ze laang géing daueren oder ze vill Demarchen ze maache wieren. Hie fäert och, datt déi administrativ Simplificatiounen nach net bis zum Enn geduecht wieren.

Eng 9.000 Leit hu sech zejoert bei der Klima-Agence renseignéiert. Viru 4 Joer waren et der hallef esou vill. Ma och an der Klima-Agence heescht et, datt sécherlech ëmmer Potential fir eng Simplificatioun an eng Digitalisatioun vun de Prozedure méiglech wier. Vun 2017 bis haut huet de Staat sech dës Subsiden 73,2 Milliounen Euro kaschte gelooss.

Schreiwes vum Logementsministère

La réforme de l’aide au logement présentée aux représentants de la Chambre des salariés (24.03.2022)

Communiqué par : ministère du Logement

Le ministre du Logement, Henri Kox, a présenté les deux projets de loi qui remplaceront la législation actuelle des aides financières pour le logement. À l’avenir les aides aux particuliers deviendront plus généreuses et une plus grande partie de la société deviendra éligible. Dans une approche de sélectivité, les aides individuelles seront ciblées selon les besoins des ménages. Pour les locataires du marché privé, la subvention de loyer sera augmentée. Les propriétaires avec des revenus plus modestes pourront bénéficier d’un supplément pouvant aller jusqu’à 40% de la PRIMe House pour l’assainissement énergétique de leur logement.

Le projet de loi sur le «logement abordable» donnera un cadre clair et transparent au financement public pour le logement abordable et l’accompagnement de ses habitants. Il prévoit de préciser les rôles du bailleur social et du promoteur social, les modalités des cofinancements étatiques «Aides à la pierre», le cahier des charges pour pouvoir bénéficier de ces aides financières, l’attribution et la gestion des logements abordables locatifs, le bail et le calcul du loyer abordable ainsi que la gestion locative sociale.

L’échange du ministre avec les représentants de la Chambre des salariés sur la réforme de l’aide au logement fut instructif et enrichissant.

Back to Top
CIM LOGO