Op eise StroossenDräi Accidenter am Laf vun e Sonndeg, Automobilistin zu Schëffleng liewensgeféierlech blesséiert

RTL Lëtzebuerg
Nieft den Accidenter am Stroosseverkéier mellt de CGDIS nach zwee méi kleng Bränn.
© RTL Mobile Reporter

Wéi de CGDIS matdeelt, koum et e Sonndeg géint 18:20 Auer zu engem Accident op der Bretelle vun der A1 op d'A3, wéi sech e Bus an en Auto ze pake kruten. D'Ekippen aus der Stad an Hesper esou wéi och de Stater Samu waren op der Plaz. Eng Persoun gouf hei blesséiert.

Och ëm ee Blesséierten hu sech d'Rettungsdéngschter vu Wolz a Kiischpelt misse këmmeren, wéi et um kuerz no 20 Auer Um CR324 bei Wëlwerwolz gerabbelt hat.

Géint 0:40 Auer war et dann en Accident zu Schëffleng, bei deem Policeinformatiounen no eng Fra liewensgeféierlech blesséiert gouf. Wéi et am Bulletin vun der Police heescht, wieren zwee Autoe mat immens héijer Vitess duerch d'Rue du Canal gefuer, wéi dunn een vun de Gefierer mat engem Auto aus der anerer Richtung aneneegerannt ass. Eng Automobilistin gouf dobäi liewensgeféierlech verwonnt a koum an e Spidol. D'Passagéier aus dem Auto, deen aus der anerer Richtung koum, goufen net blesséiert. De Materialschued wier héich, et gouf Protokoll erstallt. Nieft de lokale CGDIS-Ekippe waren och hir Kolleege vun Esch esou wéi den Escher Samu am Asaz.

D'Plaz vum Accident, den Dag duerno:

Da mellt de CGDIS nach zwee Feier. Zu Diddeleng hat eng Poubelle gebrannt an um Kierchbierg en elektroneschen Apparat. A béide Fäll waren déi lokal Zenteren op der Plaz.

Um fréie Méindeg de Moie ass dann op der A3 a Richtung Stad tëscht der Grenz an der Douane de Motocyclist gefall a blesséiert ginn. D'Rettungsekippe vu Beetebuerg an Diddeleng waren am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO