
Zwee Autoe sinn do net laanschtenee komm. Eng Persoun gouf blesséiert.
Kuerz duerno gouf et op een Accident tëscht Bëschdref an Useldeng. Doran war een Auto an e Moto verwéckelt. Och do mellt de CGDIS ee Blesséierten.
Géint 16.35 waren d’Rettungsdéngschter vu Rammerech am Asaz um CR309 tëscht Ueschdref an dem Misärshaff well e Motocyclist gefall war an dobäi blesséiert gouf.