
En Donneschdeg an de fréie Mueresstonne gouf d'Police zu Senneng an der Route de Trèves op en E-Trottinette-Fuerer opmierksam, dee mat héijer Vitess an ouni Beliichtung ënnerwee war.
Wéi de Chauffeur bemierkt huet, dass d'Police ëmgedréit hunn, fir bei hien, ass dëse geflücht an ass deels mat enger Vitess vun iwwer 50 Stonnekilometer gefuer. No enger kuerzer Poursuite konnt d'Persoun op engem Feldwee ugehale ginn.
Bei enger spéiderer Kontroll huet sech erausgestallt, dass d'E-Trottinette technesch manipuléiert gouf. No Récksprooch mam Parquet gouf d'Gefier saiséiert, de Virfall gouf protokolléiert.
D'Police erënnert an deem Kontext drun, dass E-Trottinetten d'Maximalvitess vu 25 Stonnekilometer net iwwerschreiden dierfen. Eng technesch Manipulatioun fir dës Maximalvitess an d'Luucht ze setzen ass e Verstouss géint de Code de la route a kann dohier d'Saiséiere vum Gefier mat sech bréngen. Dobäi kënnt, dass och d'Beliichtung vun esou Gefierer souwuel am Dag, wéi och nuets muss u sinn.