Op eise StroossenDräi Blesséierter bei dräi Accidenter

RTL Lëtzebuerg
Zu Tëschefäll koum et zu Rodange, an der Stad an zu Capellen.

Am lokale mellt de CGDIS ee Blesséierten e Méindeg den Owend kuerz no 21 Auer um Roudenhaff zu Rodange, wou en Auto an de Gruef gaangen ass. Den Escher Samusdokter war niewent de lokale Secouristen am Asaz.

En Dënschdeg de Moie géint 7.30 Auer krute sech op der Côte d’Eich zwee Ween ze paken, eng blesséiert Persoun gouf vun de Stater Rettungsdéngschter behandelt.

D’Ekippe vu Mamer waren dann an der Arelerstrooss zu Capellen am Asaz. Hei gouf e Motorradsfuerer blesséiert, nodeem hie gefall ass.

Back to Top
CIM LOGO