
En Auto an en Trakter hate sech hei ze pake kritt. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert. D’Secouriste vu Monnerech, Esch a Suessem-Déifferdeng waren am Asaz.
Da mellt de CGDIS nach e Motocyclist, deen géint 5.36 Auer tëscht Elleng-Gare a Réimech gefall ass a blesséiert gouf an an der Avenue Pasteur an der Stad gouf eng Persoun ugestouss a blesséiert. Op béide Plaze waren déi lokal Rettungsekippen am Asaz.