CGDISDräi Blesséierter bei véier Accidenter um Freideg

RTL Lëtzebuerg
Kuerz viru Mëtteg ass tëscht dem Scheedhaff an dem Rond-point Sandweiler e Motocycliste mat senger Maschinn gefall.

Wéi de CGDIS schreift, gouf eng Persoun dobäi verwonnt.

Kuerz no 16 Auer sinn zwee Autoen zu Stroossen op der Areler Strooss anenee gerannt. Och hei gëtt et ee Blesséierten.

Géint 16.40 Auer sinn tëscht Mamer an dem Tossebierg en Auto an e Bus net laanschtenee komm. Hei ginn et keng Informatiounen iwwert eventuell Blesséierter.

An um 18.30 Auer krute sech zwee Autoen am Rond-point Iergäertchen ze paken. Hei gouf eng Persoun blesséiert

Back to Top
CIM LOGO