
Kanner a Jonker, déi an enger Psychiatrie placéiert sinn, musse kënnen un d’frësch Loft goen, Kontakt mat der Aussewelt hunn an hiren Encadrement muss sou agreabel wéi méiglech gemaach ginn. Dat fuerdert d’Ombudsman Claudia Monti an hirem Rapport iwwert d’Kanner- a Jugendpsychiatrie.
“Et muss ee soen, dass mer elo keng flagrant Violatioune vu Mënscherechter festgestallt hunn, mä eppes wat eis trotzdeem e bësselchen um Mo läit, dat sinn, wat een nennt “Mesure de contraintes”, dat heescht, wann Der immobiliséiert gitt.”, sou d’Claudia Monti.
D’Praxissen um Terrain wieren ënnerschiddlech, et bréicht onbedéngt e klore legale Kader:
“Dass mat deem Jonken doriwwer geschwat gëtt, firwat, wisou, dass en dat och versteet, dass e weess, wéini et geschitt au préalable, dass d’Elteren oder deen, deen d’Autorité parentale huet, dovun informéiert gëtt, dass en Dokter et all Kéiers autoriséiert, well mir wëssen net, bei verschiddenen Institutiounen, ob do emol einfach gesot gëtt: ‘Maacht et, wann et néideg ass. An ech soen herno, et wär okay.’”
Et wier och net kloer, ob d’Kand bei sou Mesuren z’iesse kritt oder ob et op d’Toilette ka goen oder net. Eng Praxis, bei där een den therapeuteschen Zweck net hätt kënnen novollzéien, wier fir d’Kand an eng Decken anzewéckelen an op de Bauch ze leeën. Och bei de Fouillen, wou d’Patientin oder de Patient duerchsicht gëtt, bréicht et e klore Kader.
“Mir kréie gesot, se ginn en deux temps gemaach. Dat heescht, et ass wéi am Strofrecht, et ass seng Fouille gemaach. Fir d’éischt uewen dann ënnen, dass de ni komplett plakegt bass, an dass et ëmmer muss eng Personne du même sexe sinn. Dat heescht, wann der e Mann sidd, muss et e Mann sinn. Wann Der eng Fra sidd, muss et eng Fra sinn. An do muss och gekuckt ginn, dass dat net systematesch ass, wann der erausgitt an erëm erakommt.”
D’Fouillen dierften och op kee Fall am Zëmmer gemaach ginn, sou d’Claudia Monti. Kanner a Jonker dierften nëmmen op Avis médical an d’Psychiatrie kommen an et misst och kloer si fir wéi laang - dat wier awer aktuell net de Fall. D’Ombudsman rifft d’Politik op, d’Reform vum Jugendschutzgesetz dréngend ëmzesetzen. Domat géinge verschidde Rechter, déi aktuell net onbedéngt respektéiert géifen, garantéiert ginn.
“Wéi zum Beispill d’Recht, dass dee Jonke gehéiert gëtt, net nëmmen, wann en an de Prisong gesat gëtt oder wann en an d’ Unicec gesat gëtt, mä och wann en an eng Psychiatrie gesat gëtt.”
Et hätt ee gesot kritt, dass d’Gesetz ugangs 2025 prett soll sinn. D’Reform vum Jugendschutzgesetz muss no enger ganzer Rei formellen Oppositioune vum Staatsrot aktuell nach iwwerschafft ginn. Den Austausch tëschent de Professionelle misst iwwerdeems verbessert ginn. Am Rapport geet d’Ombudsman och am Detail op d’Situatioun an deenen ënnerschiddleche Strukture vum CHL, den Hôpitaux Robert Schuman an dem Centre Hospitalier Neuro-Psychiatrique an.