434 parlamentaresch Froen, 10 Gesetzpropositiounen an 120 Motiounen. E Méindeg gouf bei der chrëschtlech sozialer Fraktioun de Bilan vum aktuelle parlamentaresche Joer gemaach an do gouf sech zerguttst driwwer opgereegt, wéi d'Regierung géing mam Parlament ëmgoen.
Eigentlech kéint d'Chamber och ofgeschaaft ginn, seet d'Co-Fraktiounspresidentin Martine Hansen.
Wat lo ofleeft, ass kenger Demokratie würdeg. Et ass "du jamais-vu". Et ass kee Respekt virun der Chamber an de Leit, déi gewielt hunn. Déi politesch Diskussioun wier net erwënscht a géing prinzipiell ofgewiergt ginn. Dat bescht Beispill wier d'DP-Familljeministesch Corinne Cahen, déi der Oppositioun keng eng Fro beäntwert hätt zum Rapport Waringo.
Leider kréichen d'Bierger d'Verhale vun der Majoritéit dacks net mat: Et ass wierklech extrem schued, datt déi Kommissiounssëtzungen net ëffentlech sinn. Da kéint ee sech e Bild maachen, wéi mat de konstruktive Virschléi vun der Oppositioun ëmgaange gëtt.
Gesondheet, Logement, Ëmwelt, ënner anerem do louchen a leien d'Schwéierpunkten, awer och op der Educatioun. Mir brauche vill méi qualifizéiert Enseignanten. Mir mussen eng Diskussioun féieren iwwer de Profil vum Enseignant.
En anert Thema: d'Sécherheet: Wann d'Preventioun feelschléit, da muss de Staat regéieren an den Etat de droit respektéieren. D'Kand läit am Pëtz, seet den Deputéierte Leon Gloden. D'CSV denkt ënner anerem un e Platzverweis an u kleng Kamerae fir d'Police, sougenannte Bodycams.
A puncto Steiere plädéiert d'CSV fir eng Spekulatiounssteier, déi awer net fir Nokommen an direkter Linn soll gëllen. Der LSAP hir Coronasteier wier iwwregens net ëmzesetzen, sou de Co-Fraktiounspresident Gilles Roth: D'DP mécht dat net mat, déi Gréng soen näischt. Als CSV soe mir, dat kléngt vläicht sympathesch, mä mir wëssen net, wéi dat materiell, reglementaresch a praktesch sollt agefouert ginn.
Lo fir de Summer verlaangt d'CSV e bessere Reaktiounssystem am Santéssecteur, eng epidemiologesch Etüd zousätzlech zum Rapport Waringo an och e Pandemie-Gesetz.
An eegener Saach wëll een no engem komplizéierte Joer nei Weeër goen an zwar d'Partei an d'Fraktioun zesummen, sou den neie President Claude Wiseler.
Den Dossier Fränk Engel a Frëndeskrees géing déi normal Aarbecht iwwregens weider net impaktéieren.