Groupement PétrolierD'Regierung mécht keng intelligent Klimapolitik méi, mä eng ideologesch

Pierre Jans
Kritiséiert gëtt et virun allem d'Erhéijung vun den Accisen um Sprit. Et wär eng politesch Mesure. E positiven Impakt op d'Klima géif et net ginn.
Groupement Pétrolier
D'Regierung mécht keng intelligent Klimapolitik méi, mä eng ideologesch.

Dat sot um Donneschdeg de Moien de Groupement Pétrolier op senger Pressekonferenz.

Mat 61 Prozent Maartundeel ass et virun allem den Diesel, deen dem Groupement Pétrolier um Häerz läit. An do virop d'Consommatioun duerch de Camionstrafic. D'Accisen an d'CO2-Steier wäre vill ze héich a kéimen ze séier: d'Camione géifen an Zukunft léiwer an der Belsch oder a Frankräich tanken.

Romain Hoffmann: ''Mir gesinn einfach net an, firwat een elo hei sollt Suen net méi akasséiere fir eng Leeschtung, déi d'Land awer och gëtt fir den internationalen Transport, zum Beispill d'Notzung vun eisen Autobunnen. Esou verzicht een op Revenuen, et belaascht een awer weider de Resident an de Frontalier. Ma dat huet guer keen Effekt op d'Klima.''

AUDIO: Romain Hoffmann

De Groupement Pétrolier gesäit net an, firwat d'Land op Revenuë verzichte soll. Ëmmerhi géif den internationalen Transport vun de Lëtzebuerger Autobunne profitéieren. Um Ënn misst de Privatmann méi déif an d'Täsch gräifen.

Mat der Erhéijung vun den Accisen an der neier CO2-Steier op den 1. Januar 2021 hätt d'Regierung de Präis bannent 20 Méint ëm bal 20 Cent de Liter eropgesat, esou de President vum Groupement, de Romain Hoffmann.

PDF: Presentatioun vum GPL (6.2.2020)

Back to Top
CIM LOGO