
Wéi eng Patrull zu Zéisseng e Chauffer wéinst senger Fuerweis kontrolléiert huet, war deem säin Drogentest positiv ausgefall. Am Kader vun der weiderer Kontroll huet den Automobilist de Polizisten eng Tut mat ronn 1 Kg Marihuana ginn. Weider hunn d’Beamten eng gréisser Zomm Boergeld an eng Drogewo séchergestallt. Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter.
Eng weider Persoun mat Droge bei sech gouf dann e Méindeg den Owend op der Place de la Gare an der Stad erwëscht. Ganzer 63 Plëmb Kokain an Heroin hat de Mann op sech. Well de Verdacht besteet, datt hie mat den Drogen dealt, huet de Parquet ordonéiert, de presuméierten Drogendealer festzehuelen an d’Géigestänn ze saiséieren. De Verdächtege koum en Dënschdeg de Moie virun den Untersuchungsriichter.