Dealer erwëschtDrogen, Boergeld a geklaute Wuere goufe fonnt

David Winter
E Sonndeg scho konnt d'Police en Drogendealer festhuelen. Dat beim "Abrigado" an der Stad. Hien hat ënnert anerem Kokain an 370 Euro Bores bei sech.
© Police

Eng Policepatrull war an der Géigend vum "Abrigado" zu Bouneweg ënnerwee, wéi hinnen e Mann opgefall ass, dee vun Drogekonsumenten ëmkreest war. Wéi de Grupp d'Policebeamte gesinn huet, huet dësen sech opfälleg abrupt opgeléist. Well de Mann sech opfälleg verhalen huet (ënnert anerem huet hien eppes an den Aganksberäich vun engem Zelt gehäit), gouf hie kontrolléiert.

Hei goufen dann och direkt 370€ a Boergeld fonnt. Wéi dunn den Agang vum Zelt duerchsicht gouf, konnten am ganzen 53 Plëmb mat Opiater a Kokain séchergestallt ginn. Och d'Persoun där d'Zelt gehéiert huet, gouf kontrolléier, och hei goufen Droge fonnt. Dobäi koum, dass och nach geklaute Kleeder, un deenen d'Präisschëlter nach dru waren, fonnt goufen.

Den Dealer selwer gouf op Uerder vum Parquet op der Plaz festgeholl a gouf enger Identitéitspréifung ënnerzunn. D'Drogen, d'Geld an den Handy vum Verdächtege goufe saiséiert. E Méindeg koum de Mann virun den Untersuchungsriichter, géint hie gouf e Mandat d'arrêt erlooss.

Back to Top
CIM LOGO