
Den 8. September 2023 gouf géint 11.23 Auer en Abroch an engem Eefamilljenhaus an der Rue Jean-Baptiste Gillardin zu Péiteng gemellt. D’Beamte konnten de presuméierten Täter awer séier stellen a gouf op Uerder vum Parquet festgeholl.
An der Stat koum et dann zu enger weiderer Festnam, déi Kéier awer vun engem presuméierten Drogendealter. Géint 12.30 e Freideg de Mëtteg gouf an der Rue Joseph Junck am Garer Quartier an der Stad eng verdächteg Persoun kontrolléiert. Well et de staarke Verdacht gouf, dass dës Persoun mat Drogen handelt, gouf de Parquet informéiert. Eng ordonéierter Ënnersichung am Scanner huet de Verdacht dann och confirméiert, et goufen direkt e puer Friemkierper am Mo vun der Persoun entdeckt. Och hie gouf op op Uerder vum Parquet festgeholl, Handy a Suen goufe beschlagnaamt.