
E Méindeg den Owend géint 18.20 Auer ass enger Police-Patrull op der Stater Gare a Mann op engem Scooter opgefall, deen och kuerz drop kontrolléiert gouf.
Wéi dem Mann opgefall ass, dass Beamten hie kontrolléiere wollten, ass hien iwwert d’Schinn fortgelaf a huet sech hannert engem Gebai bei enger Heck verstoppt. Der Police ass et awer du gelongen, de Mann ze kontrolléieren. Hei konnten e puer Bulle Kokain a Boergeld séchergestallt ginn.
De Mann gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum e n Dënschdeg virun den Untersuchungsriichter.