PoliceDrogendealer konnt zu Rodange gepëtzt ginn

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg am Nomëtteg konnt an der Rue de l'industrie en Drogeverkaf observéiert ginn. Den Handel ass tëscht 2 Keefer an engem Dealer ofgewéckelt ginn.

D’Police konnt bei der uschléissender Kontroll de Kokain sécherstellen an de Parquet gouf informéiert. De Verkeefer vun den Droge gouf festgeholl an huet um Dënschdeg Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.

Onéierlechen no Déifstall festgeholl

E Méindeg an der Mëttegstonn huet e Mann an engem Supermarché um Mierscherbierg eng Powerbank, also eng extern Luetstatioun, geklaut. Dobäi gouf hie vum Sécherheetspersonal ertappt a gestallt. De geklaute Géigestand hat hien a seng Box gemaach a spéider ofginn.

De Parquet gouf informéiert an huet doropshin ordonéiert de Mann festzehuelen a seng Identitéit z’iwwerpréiwen. Hei gouf da festgestallt, datt hien an de leschte Wochen e puer Mol bei Déifställ erwëscht gouf. Doropshi koum hien en Dënschdeg de Moie virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO