An der PandemieDrogenhandel ass op Darknet an Home Delivery ëmgeklommen

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg de Mëtteg ass den Rapport iwwert den Drogekonsum an Europa vum Observatoire vu Lissabon publizéiert ginn.
Drogenhandel ass op Darknet an Home Delivery ëmgeklommen
En Dënschdeg de Mëtteg ass den Rapport iwwert den Drogekonsum an Europa vum Observatoire vu Lissabon publizéiert ginn.

D'Präisser vun de Droge si kuerzfristeg geklommen an hu sech dono an Europa nees normaliséiert, sou eng vun de Conclusiounen am Europäeschen Drogerapport. De Observatoire vu Lissabon hält fest, dass de Covid-19 wéineg Impakt op déi organiséiert Kriminalitéit hat. Zu Lëtzebuerg ass ee sech awer bewosst ginn, dass een esou séier wéi méiglech deene Leit misst hëllefen, déi net krankeverséchert wieren, erkläert de nationalen Drogebeoptrage vun der Santé Alain Origer.

Extrait Alain Origer

Den integréierte Konsum huet net esou vill dovunner gemierkt. Méi problematesch war et awer fir déi Leit, déi keen Daach iwwert dem Kapp hunn. Well d'Präisser geklomme sinn an d'Offer erofgaangen ass, hunn déi Leit sech misste méi Moyene beschafen, fir eng Drog ze kréien, déi manner disponibel an eng manner gutt Qualitéit huet. Dowéinst gouf eng Offer fir nidderschwelleg Substitutioun opgebaut, esou wuel fir Leit mat Krankekeess, wéi och fir déi ouni. Do konnten d'Leit gehollef kréien. Dee Programm gouf séier opgebaut a wäert och bleiwen, esou den Alain Origer.

Back to Top
CIM LOGO