Wënzer a KellereienD'Saisonaarbechter kéinten dëst Joer och an der Drauwelies feelen

RTL Lëtzebuerg
Et ass jo nach e bësse bis d’Drauwelies am Hierscht ugeet, ma d’Wënzer riskéieren dëst Joer, dee selwechte Problem ze kréie wéi d’Spargelbaueren.
D'Saisonaarbechter kéinten och an der Drauwelies feelen
Et ass jo nach e bësse bis d’Drauwelies am Hierscht ugeet, ma d’Wënzer riskéieren dëst Joer, dee selwechte Problem ze kréie wéi d’Spargelbaueren.

Mam Hierscht kommen all Joer nees vill Saisonaarbechter aus dem noen Ausland an aus Polen hei an d’Land, fir de Wënzer an der Drauwelies eng Hand mat unzepaken. Och an de Kellereie ginn an där Zäit Leit gebraucht, ma wéinst der sanitärer Kris kann et sinn, datt vill Aarbechter dëst Joer wechfalen.

Vill Saisonaarbechter komme schonns zanter Jore an hirem Congé mat der Famill a mat Kolleegen op Lëtzebuerg. An der Reegel gëtt 3 Wochen um Stéck geliest – Si ginn an där Zäit bei de Wënzer logéiert. Well verschidde Länner verlaangen, datt d’Leit, déi nees heemkommen 14 Deeg a Quarantän ginn, kann et sinn, datt vill Polen dëst Joer net kommen.

D’Lies-Maschinnen hei am Land wieren deels schonns ausgelaascht. Souwisou ginn déi meeschte Wéngerte mat der Hand geliest, well se ze géi sinn fir mat de Maschinnen eranzefueren. Am Wäininstitut rechent ee mat ronn 15 Leit op 10 Hektar. Si kucken dofir schonns zesumme mat der ADEM, dem Maschinenring an dem Lycée Technique Agricole zu Ettelbréck no Alternativen. Am schlëmmste Fall géing een och en Opruff maachen, esou de Serge Fischer vum Institut Viti-Vinicole.

An der Kellerei setzt een iwwerdeems op Studenten. Si preparéiere sech op ee fréien Hierscht, et rechent een domadder, datt d’Lies ugangs September soll ugoen, esou de Generaldirekter vun der Vinsmoselle, Patrick Berg.

Wien interesséiert wier, fir am September eventuell mat an d’Lies ze goen, kann sech entweder bei den eenzelne Wënzer oder beim Maschinenring op mbr.lu mellen.

Back to Top
CIM LOGO