Wéi feieren ech a Sécherheet?D'Santé erënnert drun, wéi ee sech a seng Famill schütze kann

Claude Zeimetz
"Denkt wärend de Feierdeeg dorun Ären Entourage ze schützen andeems Dir déi richteg Mesuren uwennt!", sou de Message vun der Santé op Hellegowend.

Wann Hellegowend d'Deputéiert fir eng Chambersitzung zesummekommen, dann ass kloer, datt dës Chrëschtvakanz anescht ass wéi soss. Effektiv dierften och d'Feierdeeg bei deenen allermeeschten vun eis anescht ausgesi wéi soss. Manner Trubel, méi reduzéiert. Am ganz klenge Krees vun der enker Famill am beschten. Besuch soll jo nëmmen fir déijéineg geduecht sinn, déi soss ganz eleng wieren. Mä de Mënsch ass natierlech geselleg.

Wann een elo also awer op Besuch geet, muss ee sech bewosst sinn wéi grouss de Risiko fir eng Ustiechung ass a wéi een deen reduzéiere kann.

Coronakonform Chrëschtdeeg / Reportage vum Claude Zeimetz

An dat geet natierlech iwwert déi bescht bekannte gestes barrières: Distanz, Mask, Hänn wäschen a virun allem och Lëften. De Gesondheetsministère huet dës Woch Simulatiounen verëffentlecht wéi d'Ëmstänn sech op d'Verbreedung vum Risiko auswierken. Fir et kuerz ze soen. De Risiko klëmmt wat méi Leit, fir méi eng laang Zäit a méi engem klengen an zouene Raum ouni Mesuren beieneen sinn.

An der Hypothese vun enger Familljefeier vu 5 Stonnen an enger Stuff vu 25 m2, stécht eng infizéiert Persoun, déi zwou an hallef Stonn laang also d'Hallschent vun der Zäit normal schwätzt, souguer bei enger minimaler Distanz vun 2 Meter ouni Mask a mat gekippte Fënsteren, 2 Leit un. Mat Mask a wa richteg stouss gelëft gëtt, geet den Infektiounsrisiko ëm d'Hallschent erof. Dat richtegt Lëften, eemol d'Stonn d'Fënsteren fir e puer Minutten grouss op,  ass esou wichteg well sech no enger gewëssener Zäit an zouene Raim Aerosolen forméieren, winzeg kleng Drëpsercher, déi dann an der Loft stoe bleiwen an ageotemt kënne ginn. Egal ob een d'Distanz hält oder net. Där Drëpsercher gi besonnesch vill ausgestouss, wann een haart schwätzt oder séngt. Awer och scho beim normalen Ootmen.

Wat ee méi laang beieneen ass, zum Beispill ronderëm d'Fonduesdëppen um Iessdësch, bis bei den Dessert an den Digestif, wat d'Konzentratioun an der Loft bei zouener Fënster méi eropgeet, grad wéi den Infektiounsrisk. Vu Stonn zu Stonn kann ee quasi soen. An engem zouene Raum hätte sech, der Simulatioun no, no 4 Stonne 4 Persounen vun enger Gesellschaft zu 5  ugestach. An enger duerchlëfter Stuff just hallef sou vill. Déi grouss Familljefeieren iwwert de ganze Daach an der gudder waarmer Stuff huet de Virus also besonnesch gär. Wien op Nummer sécher wëll goen, reduzéiert donieft am beschten och d'Zäit, déi en ouni Mask mat deenen anere verbréngt. Besonnesch fir ufälleg Leit kënnen FFP2-Masken mat engem Filter fir den Eegeschutz eng zousätzlech Sécherheet bréngen. An et kann ee jo och en Deel vum Treffen raus verleeën. Ëmmerhin soll et déi nächst zwee Deeg dréche bleiwen.

An Däitschland hat de Max Planck-Insitut schonn am November en Algorythmus verëffentlecht, mat deem ee selwer säin eegenen Infektiounsrisiko, jee no Situatioun, berechne kann.

Corona-Tester, ob Schnelltest oder PCR, well där goufen an de leschte Deeg via de Large Scale Testing jo däitlech méi gemaach wéi déi lescht Woche,n kënnen engem wuel eng Momentopnam iwwert engem säi Gesondheetszoustand den Ament vum Test ginn. Experten no huet dat Resultat awer nëmmen eng Gültegkeet fir 24 Stonnen. En negativen Test ass also kee Fräifaartsschäin fir sech net un déi aner sanitär Reegelen ze halen. Vläicht ass dat heiten fir Iech eng interessant Alternativ: Déi däitsch Physikerin an Infektiologin Viola Priesemann proposéiert sech fir d'Feierdeeg ee Partnerstot erauszesichen, fir eng sozial Bull ze schafen, déi no baussen awer zou bleift. Chrëschtdag mat anere Leit ze feieren, wéi Silvester, wier keng gutt Iddi. Soulaang sech awer kee vu béide Stéit mat aneren trëfft, wier dat  eng Sakgaass fir de Virus.

An deem Sënn kommt gutt a virun allem gesond duerch d'Feierdeeg.

Back to Top
CIM LOGO