LandwirtschaftsministèreD'Schwéngspräisser sinn am Keller, de Mëllechsecteur ass stabil

Pit Everling
Dat war den Tenor den Dënschdeg de Moien am Landwirtschaftsministère.
D'Schwéngspräisser sinn am Keller
D’Corona-Kris trëfft de Secteur zwar, ma allgemeng wier ee bis ewell mat engem bloen A dervu komm.

Enn dës Joers zitt de Service d’Economie Rural fir d’Betriber aus Landwirtschaft a Wäibau de finanzielle Bilan. E Rendez-vous, dee sech “Buchstellentag” nennt.

Bilan vum Landwirtschaftsministère - Rep. Pit Everling

D’Corona-Kris trëfft de Secteur zwar, ma allgemeng wier ee bis ewell mat engem bloen A dervu komm.D’Acteuren aus der Landwirtschaft konnte schaffen, op d’Erträg gouf et direkt keen Impakt, sou de Landwirtschaftsminister Romain Schneider, fir deen aner Secteure méi haart vun der Kris getraff goufen.

De Landwirtschaftsminister Romain Schneider

Dat heescht awer net, datt et keng Problemer gëtt, wéi den neie Bilan vum SER et och weist. De Service mécht d’Comptabilitéit fir vill Betriber, am Géigenzuch däerfen d’Donnéeën ausgewäert ginn, dat waren déi Kéier knapp 600 Betriber.

De Service huet den Exercice 2019 ënnert d’Lupp geholl a Prognose fir 2020 formuléiert. Biergof goung et besonnesch dëst Joer um Schwéngsmaart, sou de Marc Fiedler vum SER: “De Schluechtpräis ass drastesch erofgaangen, vun 2€ op 1€20, dat wéinst Corona, well een ofhängeg vum däitsche Marché ass. Et goufen och Exportschwieregkeeten, nodeems am September déi afrikanesch Schwéngspescht ausgebrach ass.”

Och am Beräich Fleeschranner weisen d’Zeechen an eng negativ Richtung: “Dat si strukturell Problemer. Mir hunn et hei mat méi klengen, virun allem méi extensive Betriber ze dinn déi manner Ëmsaz maachen awer zum Deel déi selwecht Käschten ze droen hunn.”

Déi gutt Noriicht wier déi, datt de fir Lëtzebuerg wichtege Mëllechsecteur op héijem Niveau stabel wier. Beim Wäibau ass et 2019 meteos-bedéngt schlecht gelaf, Assurancen hunn de Schued begrenzt.

2020 wier vill besser gewiescht, de Cru excellent, ma wéinst dem Covid lafen d’Venten net optimal, och dëst Joer goung et bei de Beneficer dowéinst liicht zeréck.

Allgemeng gouf zejoert pro Betrib en ordinäre Gewënn vu ronn 60.200€ realiséiert. Domat läit een 3,5% ënnert 2018, awer iwwer der 5-Jores-Moyenne. 2020 geet et nach emol liicht erof op 59.300€. Pro Aarbechtskraaft louch een 2019 iwwregens bei 39.000€.

De Landwirtschaftsminister Romain Schneider sot, datt d’Acteuren an de problematesche Beräicher sollen ënnert d’Äerm gegraff kréien, notamment d’Schwéngsbaueren: “Mir analyséieren d’Situatioun genee an huele Kontakt op mat all eenzele Betrib. Mir hunn eng 20 Betriber déi spezialiséiert sinn. Do muss ee kucke wat déi gezielten Hëllefe kënne sinn, sou datt stabil Situatioune kënnen entstoen.”

A punkto Corona-Hëllefe wieren iwwregens 928 Demandë beim SER erakomm. Dës Aidë wieren am Gaang ausbezuelt ze ginn.

PDF: Hei fannt Dir déi komplett Presentatioun mat de Grafiken

Back to Top
CIM LOGO