Dag vum BamD'Situatioun vun de Bëscher zu Lëtzebuerg

Christophe Hochard
Am Joer 1951 huet d'UNO den Internationalen Dag vum Bam agefouert. Op deem Dag ginn d'Leit opgeruff, Beem ze planzen.
Dag vum Bam
Am Joer 1951 huet d’UNO den Internationalen Dag vum Bam agefouert. Op deem Dag ginn d’Leit opgeruff, Beem ze planzen.

Dee Weltdag gëtt weltwäit a ronn 35 Länner organiséiert. Hei am Land gouf den Dag vum Bam 1991 ënnert dem Numm Journée nationale de l’arbre agefouert.

De Christophe Hochard war bis op Fluessweiler kucken an huet nogefrot, wéi et ëm d’Gesondheet vun de Bëscher hei zu Lëtzebuerg steet.
Déi gréng Long ass gesondheetlech ugeschloen. Iwwer 60 Prozent vun de Beem stinn ënner Stress. Den Zoustand vum Bësch huet sech an de leschten 10 bis 15 Joer progressiv verschlechtert. Dréchent an déi grouss Hëtzt vun dësem Joer hunn hiren Deel dozou bäigedroen.

Et muss reagéiert ginn, fir d’Bëschstierwen ze bremsen. Dofir gouf emol en neit Bëschgesetz ausgeschafft. Dëst muss awer nach gestëmmt ginn. Aner Mesurë gëllt et och ze huelen.

Um Widdebierg, an der Gemeng Fluessweiler, goufe rezent jonk Beem geplanzt. Op enger Surface vu 4 1/2 Hektar.

D’Beem stierwen of. An dës Situatioun ass alarmant. Schliisslech spillt de Bësch eng wichteg Roll. E filtert d’Loft an ass Erhuelungsuert fir de Mënsch.

Nieft enger Heck vun iwwer 50 Meter goufen zu Fluessweiler am Hang och eng 15 Uebstbeem gesat. Si droen zur Biodiversitéit bäi a sinn e wichtege Liewensraum fir Deieren.

Back to Top
CIM LOGO