
Dëse war fir 9 Deeg hei am Land op Visitt, fir sech e Bild vun der Situatioun ze maachen. Virun allem am Beräich vum sougenannten Droit de diligence goufen eng Partie Recommandatiounen an engem Rapport festgehalen.
Virop soll d’EU-Direktiv, déi Mënscherechtsverletzungen an der Wirtschaft verhënnere soll, an alle Secteuren applizéiert ginn, och am Finanzsecteur. Wéi de Robert McCorquodale vum Aarbechtsgrupp erkläert, hätt et an der Vergaangenheet scho Fäll ginn, an deene finanziell Institutiounen zur Rechenschaft gezu goufen, well si, direkt oder indirekt Mënscherechtsverletzungen verursaacht oder zu dëse bäigedroen hunn. Weider Risike fir d’Mënscherechter, géife vum Fonge-Secteur awer och vun de Bréifkëschtefirmaen ausgoen.
Genee wéi d’Initiativ “Devoir de Vigilance” fuerdert, mengt och den Aarbechtsgrupp vun der UNO, datt Lëtzebuerg net drop waarde misst, bis d‘EU-Reglement ëmgesat gëtt, mee d’Betriber via nationaalt Gesetz zwénge sollt, sech fir de Respekt vun de Mënscherechter an der ganzer Liwwerketten anzesetzen.