An dofir misst engersäits dat éiwegt Suergekand Logement ugepaakt ginn. De Gabriel Boisante erkläert, datt d’Stad 100 Milliounen d’Joer an abordabele Wunnraum investéiere misst: Mir wëllen, datt d’Gemeng en Haaptacteur um Marché gëtt. Et brauch een eng Kollaboratioun tëscht dem privaten an dem ëffentleche Secteur. Deen ee brauch deen aneren an enger gesonder Gesellschaft. A mer mussen aner Strukturen entwéckelen, wéi fir d’Colocatioun ze promouvéieren an ze encadréieren.
De Wunnengspark soll der LSAP no vun aktuell 620 op 2.000 Wunnenge bis 2030 eropgesat ginn. A punkto Mobilitéit da plädéieren d’Stater Sozialisten dofir, datt d'30er-Zonen d’Norm ginn:
30km an der Stonn ass genuch. D’Duerchschnëttsgeschwëndegkeet vun den Autoen oder Busser ass souwisou net wäit dovun. An et ass eng Geschwindegkeet, déi sécher ass, fir eng Bremsdistanz ze hunn.
Och d’Mobilité douce soll eng méi wichteg Plaz kréien an d’Quartieren an der Stad zum Beispill besser matenee verbonne ginn:
Et soll ee Konzept vu Vëlospiste ginn, fir eis 24 Quartiere sécher an homogen ze verbannen.
E weidere Punkt, deen der LSAP um Häerz läit, ass d’Biergerbedeelegung. D’Maxime Miltgen:
Konkret wëlle mer e Biergerrot aféieren, deen d’Joer 5 Millioune Budget huet, mat deem ee Projete kann ugoen, déi all de Bierger ze gutt kommen. Dat d’Bierger e konkret Resultat vun hirer Aarbecht gesinn.
Och e Kannergemengerot a Quartiersanimateure sollen zu méi demokratescher Participatioun bäidroen. An d’Stater Sozialiste setze sech dat ambitiéist Zil, bei den nächste Gemengewale 50% Auslännerwalbedeelegung ze erreechen.