Kee Schäffeposte wéinst feelender Parteikaart? D'Stëmmung am Gemengerot zu Fluessweiler war scho mol besser

Marc Hoscheid
Wann en Donneschdeg deen neie Schäfferot vu Fluessweiler vereedegt gëtt, wäert déi Drëttgewielt net derbäi sinn. Si schwätzt vun engem falsche Spill.

De Reproche, dee si der Ekipp “Zesummen fir d’Gemeng Fluessweiler” ronderëm den zukünftege Buergermeeschter Paul Ruppert mécht, ass, datt si wéinst enger feelender CSV-Memberskaart ausgeschloss gëtt. D’Stëmmung an der Ostgemeng war also scho mol besser.

Zu Fluessweiler hänkt am Gemengerot den Hauseege schif

An dobäi war d’Ausgangslag eng zimmlech harmonesch, haten et dach ëmmerhin 8 Membere vun enger Ekipp an de Conseil mat sengen 9 Sëtz gepackt. Ma trotzdeem huet ee sech dozou entscheet, déi Drëttgewielten net an de Schäfferot ze huelen. Am Plaz gëtt de Fënneftgewielte Guy Heiderscheid 2. Schäffen. Den Éischtgewielten an zukünftege Buergermeeschter Paul Ruppert erkläert dat esou.

“Bon, dat huet verschidden Ursaachen. Ech mengen net, datt mir elo spezifesch eppes géint d’Madamm Fusenig gehat hätten. Mee sou wéi d’Leit gewielt hunn, hunn ech fir mech perséinlech e bëssi gemierkt, datt d’Leit eigentlech e bëssen ee Changement wollten hunn an eng nei Ekipp wollten hunn. Dat war bëssi meng perséinlech Interpretatioun. An déi Ekipp, déi mer lo hunn, huet zimmlech dee selwechten Alter. Déi Optioun war du fir mech déi beschten, well ech gemengt hunn, datt mer esou déi nächst 6 Joer am beschte géingen zesumme schaffen.”

Déi Erklärung iwwerzeegt d’Juliette Fusenig allerdéngs net. Si wier ëmmerhi genee esou al, wéi dee Moment wou se an der Ekipp opgeholl gouf. Rezent huet si zesumme mam Jorge Sousa, engem weidere Conseiller Flyer an der Gemeng verdeelt.

Doranner heescht et, déi aner 6 Kandidaten hätten d’Poste verginn, ouni mat hinnen ze schwätzen. D’Juliette Fusenig, déi zanter 18 Joer am Gemengerot sëtzt, spekuléiert, datt si iwwergaange gouf, well si keng CSV-Parteikaart huet.

“An dat ass ëmmer respektéiert ginn. Ech si lo virun ongeféier 3 Méint vun der Parteipresidentin nach eng Kéier gefrot ginn, am Fong e bëssi méi sec gefrot ginn, hei lauschter, mir si lo eng Ekipp, dat waren hir Wierder, mir si lo eng Ekipp, du misst awer lo eng Parteikaart huelen. An dunn hunn ech der Madamm genee dat selwecht gezielt, dat ech de Leit zanter 18 Joer erzielen, hei lauschter, ech wëll neutral bleiwen.”

Vun deenen anere 7 Membere vun der Ekipp, déi am Gemengerot sëtzen, sinn déi meescht CSV-Memberen. Ma d’Parteizougehéieregkeet hätt bei der Decisioun géint d’Juliette Fusenig a fir de Guy Heiderscheid allerdéngs keng Roll gespillt, esou de Paul Ruppert. Dat géing schonn d’Tatsaach weisen, datt den Éischte Schäffe Frank Rollinger keng Parteikaart huet an awer fir de Guy Heiderscheid gestëmmt hätt. De Jorge Sousa, deen d’Juliette Fusenig ënnerstëtzt, ass iwwerdeems Parteimember.

Back to Top
CIM LOGO