D'aktuell Energiekris wéinst dem Konflikt am Mëttleren Osten huet net dee selwechten Ausmooss ewéi d'Kris nom Ufank vum Krich an der Ukrain viru 4 Joer. Där Usiicht ass op jiddwer Fall den Direkter vum Grupp Encevo. De Claude Seywert sot bei der Presentatioun vun de Joreszuele vum Energiegrupp, datt d'Stroumpräisser, dei d'lescht Joer erofgaange sinn, dëst Joer net wäerte klammen. Ouni d'staatlech Participatioun vun 150 Milliounen Euro an de Reseauskäschte wier dat natierlech anescht. Beim Gas misst ee méi virsiichteg sinn, mee et soll ee sech kee grousse Sprong erwaarden.
Encevo huet d'lëscht Joer 154 Milliounen Euro Netto Benefice gemaach, sou dann de Bilan. Dat ass manner ewéi déi 194 Milliounen d'Joer virdrun, mee nach ëmmer dat drëttbescht Resultat. Trotzdeem huet de Grupp d'Dividendë bewosst op just nach 26% vum Profit erofgeschrauft. Dat well d’Energietransitioun grouss Investissementer erfuerdert, esou de Preisdent vun Encevo, de Jeff Feller.
2025 wieren och 311 Milliounen Euro investéiert ginn, gutt zwee Drëttel dovun an de Stroumreseau. De Grupp hätt seelen esouvill investéiert a wéilt dëst Joer op eng hallef Milliard Euro kommen. Investéiere wëll Encevo och an de Waasserstoff an net just a Leitungen. Mat hirer Duechtergesellschaft Creos plangt de Grupp och Waasserstoff ze produzéieren.
A punkto grénge Stroum wier Encevo bei engem Terawatt ukomm, wat dem gesamte residentielle Stroumverbrauch am Land géing entspriechen. Duerch nei digital Solutiounen an e méi flexibele Verbrauch hätt een och schonn en anert Verhale bei de Cliente festgestallt.