Wéinst méiglecher Presenz vu PlastiksstéckerD'Tofu-Terrinn "Graffiti" vun der Mark "Taifun" gouf zeréckgeruff

RTL Lëtzebuerg
An der Tofu-Terrinn "Graffiti" vun der Mark "Taifun" kéinte Plastiksstécker enthale sinn.
© Administration luxembourgeoise vétérinaire et alimentaire

Dat deelt d’Veterinär- a Liewensmëtteladministratioun an engem Schreiwes mat. Vum Réckruff betraff ass d’Terrinn an der Verpackung vun 200 Gramm mam Oflafdatum vum 2. Mee 2023, der Artikelnummer 24009 an der Lotissementsnummer L220.

De Produit gouf zu Lëtzebuerg am Shoppingzenter Massen an am Naturata verkaf. Et kann awer net ausgeschloss ginn, dass de Produit och op anere Plazen an der Vente war.

Wann een Plastiksstécker consomméiert, besteet de Risk vum Erstécken a vun ënnerleche Blessuren.

© Administration luxembourgeoise vétérinaire et alimentaire

Back to Top
CIM LOGO