
Spëtzekandidatin ass d'Conseillère Carole Zeimetz a Spëtzekandidat de Conseiller Christophe Origer. Hien huet an de leschte Méint keng onwichteg Roll an der Iechternacher Politik gespillt.
Den 29 Joer alen Affekot war bis d'lescht Joer fir d'CSV am Gemengerot. Uganks November ass bekannt ginn, datt hie vun deene Chrëschtlech-Sozialen eriwwer bei déi Gréng wiesselt. Doduerch huet d'CSV-LSAP Koalitioun hir Majoritéit am Conseil verluer.