
Op der Lëscht sinn och déi 2 aner aktuell Conseillere Carole Goerens a Roland Tex. Déi 17 gréng Hesper Kandidaten hunn eng Altersmoyenne vu ronn 50 Joer - op der Lëscht sti 7 Fraen an 10 Männer.
Anescht wéi bei de Walen 2017 stelle sech zu Hesper op de verschiddene Lëschte keng 15 mee 17 Kandidaten de Wieler.
Wéi et vun de Gréngen Hesper heescht, wier d’Gemeng déi lescht 6 Joer vun enger eenzeger Majoritéitspartei - der CSV- geleet ginn, wat der Gemeng net gutt gedoen hätt – “e Wiessel wier duerfir néideg”.
Hei déi komplett Lëscht: