Am leschte Kompetitivitéits-Klassement huet Lëtzebuerg nees Plaze verluer. Déi nächst Regierung misst dowéinst eng Partie Dossiere ganz uewen op hier Prioritéitelëscht setzen.
D’Keese géingen ëmmer méi eidel ginn. Egal ob bei der Securité sociale oder bei der Pensioun. Deen Trend misst gestoppt ginn, fuerdert de President vun der UEL. D’Kotisatiounen dierften awer net an d’Luucht gesat ginn, well doduerch d’Aarbecht nach méi deier géif ginn.
Eng weider Fuerderung betrëfft d’Steierreform, déi duerch d’Coronapandemie Retard krut. Déi misst elo endlech realiséiert ginn. Wann et der UEL no geet, sollen net just d’Privatleit entlaascht gi ma och d’Entreprisen.
Bei der Aarbechtsorganisatioun briecht ee méi Flexibilitéit. Dovunner géing net just de Patron ma och de Salarié profitéieren. Dernieft misst Lëtzebuerg et fäerdegbréngen, gutt ausgebilte Leit unzelackelen.
D’UEL hat Enn 2022 Ugangs 2023 Entrevuë mat alle grousse Parteien, fir iwwert hier Revendicatiounen ze schwätzen. Allgemeng bedauert een, datt no de leschte Walen, 2013 an 2018, just wéineg UEL-Proposen am Koalitiounsaccord zréckbehale goufen.