
An engem Schreiwes vun der Uni gëtt erkläert, dass et der gemeinsamer wëssenschaftlecher Ekipp gelongen wier, ze beleeën, dass sech krankhaft Forme vun engem gewëssene Protein am Blutt, bei der Parkinson-Diagnos notze loossen.
Vereinfacht ausgedréckt: Parkinson soll sech via en einfachen Blutt-Test kënnen noweisen loossen.
Bis ewell ass dat e relativ laangen an opwännege klinesche Prozess. Déi entspriechend Etüd gouf viru Kuerzem och am Fach-Magasinn “Nature Medecine” publizéiert.