Vill Lëtzebuerger Fournisseuren observéieren eppes ewéi den “Toilettëpabeier-Effekt” beim Brennholz. Ma d’Offer ass limitéiert – dat op d’mannst fir déi nächste Méint.
Brennholz gëtt zu engem rare Gutt. D’Nofro klëmmt séier. Dat bestätegt de Winfried von Loe vum Groupement des Sylviculteurs. De Verband beréit beim Geréiere vu private Bëscher.
De Winfried von Loe, Beroder – Lëtzebuerger Privatbësch
„D’Ufroe sinn dëst Joer definitiv éischter komm. Dat natierlech wéinst der ganzer Diskussioun ëm d’Hëtzen an Energie-Aspuerungen.“
Bestallt gëtt d’Brennholz generell eréischt am September. Ma am August elo sinn d’Präisser um Marché duerch déi héich Demande plazeweis tëscht 50% bis 100% geklommen. Beim direkten Akaf beim lokalen Händler kënnt ee generell besser ewech. Mä:
„Fir d’Brennholz, dat 2023 verbrannt soll ginn: Dat läit scho bei jidderengem an der Scheier. Dat kann een elo net multiplizéieren. Fir d’iwwernächst Joer, d’Buch muss op d’mannst zwee Joer dréchnen, d’Eech eigentlech dräi Joer, eréischt iwwernächst Joer gëtt Holz verkaf, dat dëst Joer geschloe gëtt. Vill Brennholz-Verkeefer wäerte sech do upassen a méi Holz zur Verfügung hunn. Mee d’Kris wäert och nach d’nächst Joer aktuell sinn.“
Brennholz gëtt zu Lëtzebuerg also e bësse knapp. Mä: Kal soll et kengem dëse Wanter ginn. Aus der Sicht vum Groupement gëtt et eng positiv Entwécklung.
„D’Brennholz am Verglach zum Ueleg war ëmmer ënnerbewäert. Dofir ass et aus der Vue vum Bëschbesëtzer net schlecht, datt d’Präisser klammen. Och wann de Client elo méi op den Dësch leeë muss.“
Ee vun de ganz wéinege Réistoffer zu Lëtzebuerg erlieft den Ament en éischter onerwaarten Opschwong.